7a, rue de la MarieL-6211 KonsdrefUrgence: 112

Tipps

Rauchmelder retten Liewen

All Joer stierwen immens vill Leit un den Konsequenzen vun engem Feier. An daat net mol weinst dem Feier selwer. Ma et ass den geftegen Damp deen villen Leit zum Verhängnis gett. Iwwer 70% vun den Doudesaffer gin am Schlof iwerrascht an hun net den Hauch vun enger Chance sech virun der Gefohr a Secherheet ze brengen. Ma mad enger ganz einfacherer Leisung kann een geint des Gefohr viirgoen; RAUCHMELDER.
Schon eleng 2-3 Steck am ganzen Haus kennen ierch bei Gefor vun Feier oder Damp mad Zeiten warnen.
Falls dier nach Froen zum Thema Rauchmelder hud, kontakteiert eis einfach iwwert Rubrique "Contact".

Waat maachen wann eppes geschitt ass?

Dir braucht d´Hellef vun den Pompjeen?...oder eng Ambulanz?...vleicht och d´Police?
-Waad seet een iwerhaapt wann een op den 112 oder den 113 urifft?

Viir d´eischt mol ass et ganz wichteg waad een als Informatiounen weider gett, well den ganzen Asaatz hängt herno deelweis dovun oof.

Mad den 5 "W"-Froen keen dir ierch daat ganz einfach verhaalen;

1-Wen rift un?
2-Waad ass geschitt?
3-Wou ass et geschitt?
4-Wei vill Blesseierter gin et?
5-Waad viir Blessueren hun se?

Anhand vun desen 5 Froen kann den 112 decideiren wei eng Uniteiten hien op d´Plaatz scheckt.

Rescue Sheet

Waad sin "Rescuesheets"?
-"Rescuesheets" sen 1-2 DNA4 Seiten op deenen den geneen Opbau vun äerem Auto oofgebilt ass. (Airbag, Tank, Battrie,...)


Ma viirwaat brauch een iwwerhaapt sou eppes?

-Ganz einfach! Dess Fichen maachen et dem Sauvetage an den Pompjeen vill mei einfach vir ze wessen wou sii den Auto mussen opschneiden vir een am Fall vun engem Accident sou schounend a gefohrefrei wei meiglech kennen aus dem Auto ze biergen.

Wou maachen ech des Fiche hin?
-Des Fiche soll einfach an beschtenfalls hannert Sonnenblend geklemmt gin an duerch een Sticker (deen een vum ACL kritt) an der viichter Fenster gekennzeechent gin